Dateschutzbestëmmungen

Société de Gymnastique « La Liberté » Niederkorn
Registre du commerce et des sociétés : F5642
Adresse : 76, rue de Longwy, L-4610 Niederkorn
Website : www.lln.lu
Email : pbari@pt.lu
Affiliéiert un d’FLGym

 

Cookies:

“La Liberté” benotzt Cookien fir dem Visiteur d’Surfen op eisem Site ze vereinfachen. “La Liberté” späichert keng Informatiounen fir déi spéiderhin fir Statistikszwecker ze benotzen.

 

Inhalter:

Fir d’Texter, Informatiounen oder Fotoen ass ausschliesslech “La Liberté” responsabel. Verschidden Inhalter um Site vun “La Liberté” maachen Referenz op aaner Siten, Publicatiounen oder Donnée’en fir déi “La Liberté” net responsabel ass.

 

Linken op Siten:

Bei de Linken vun eisen Partneren ass “La Liberté” net verantwortlech fir den Inhalt an fir d’Richtegkeet vun deenen eenzelen Internetsäiten.

 

Formulaire:

“La Liberté” benotzt déi Donnée’en ausschliesslech fir d’Traitement vun enger Ufro. Déi Donnée’en gin per Email un den Secrétaire technique vun der “La Liberté” weidergeleed. Nodeems d’Ufro beäntwert gin ass, gin déi Donnée’en geläscht.

 

Textdokumenter:

Souwäit net anescht uginn, ass de Benotzer autoriséiert, ouni Ufro, all d’Textdokumenter ze consultéieren, erofzelueden oder ze drécken.